2018 CEV Volleyball European Championship - Small Countries Division - U19 Women
Souverän Victoire géint Wales!
vum Norma Kemp-Zambon
No 2 fokusséierten Trainingen an enger super Stëmmung am Team Lëtzebuerg, hunn eis Young Lion Ladies dem Ufank vum Turnéier entgéint geféiwert. De Mëtten um 16.00 Auer sollt et fir eis Faarwen lassgoen an den éischten Géigner huet Wales geheescht, vun deem et bis dato keng Informatiounen gouf.
Den Trainerduo Herman Vleminckx-Huybens a Christian Schanet hu sech entscheet dësen Match ouni Libero ze spillen an hu mat folgendem Starting 6 ugefaangen: Yana Feller (Kapitänin), Sarah Wolf, Marie-Lou Bollendorff, Jil Klein, Barbara Hougardy an Maelle Dickhoff.
Vun Ufank bis zum Schluss haten eis Meedercher de Match fest am Grëff a sollten Näischt ubrennen loossen. Si hunn hier walisesch Kontrahentinnen mat drockvollen a placéierten Zerwisser permanent ënner Drock gesat a waren hinnen esouwuel an der Defense ewéi och am Block iwwerleeën. Och an der Attack sollt Wales den 2. Präis kréien. Si sollten ni e Mëttel géint d’Attacken vun Yana Feller, Marie-Lou Bollendorff oder Jil Klein fannen. No 61 Minutten hunn eis Meedercher de Match souverän mat 3-0 (25-11; 25-12; 25-7) fir sech entscheet.
Och wann an all Saatz de Six de base ugefaangen huet, esou koum awer all Auswiesselspillerin zum Asaatz an huet sech direkt um Terrain integréiert an hir Responsabilitéit iwwerholl.
Esouwuel um Terrain ewéi an den Zuschauertribünen huet den Roude Léiw de Mëtten dominéiert. E grousse Merci un all eis Supporter, déi d’Rees op Liechtenstein ugetrueden sinn.
Match Details: CEV
Livestream: LIE

