Champions Day
Vum Tom Kirtz
Den 1. Champions Day 2018 fir eis jonk Spiller an Spillerinnen e Sonndeg zu Bartreng war e grousse Succès.
Vill Elteren a Clibb Responsabel, eis Dammen an Hären Nationaltrainer an d'Memberen vum C.A. hunn de jonken Nowuess Spiller d'Éier erwisen a hu materlieft wéi si hir Medailen fir de Champion an de Vize Champion vun eisen National Spillerinne a Spiller Iwwerrescht kruten.
Duerno konnt jiddereen sech am Teqball ausprobéieren, eng nei Sportaart, wou Volleyball op engem Dësch gespillt gëtt.
E gelongenen Dag fir deen mir och dem Organisateur Volley Bartreng villmools Merci soen. Mir wënschen all eise jonke Spiller eng schéi Summervakanz a freeën eis si och mol am Sand ze gesinn.


