Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

LetzBeach

Beachers on tour

Dajana Völz & Marie Reiter am belsche Championnat

Och eis Beachdammen Dajana Völz/Marie Reiterova waren desen Week-end am Asatz an dat fir d‘eischte Kéier an hierer Carrière um #BelgianBeachvolleyChampionship!
Samsdes wannen eis Dammen hier 2 Gruppemätcher souverän mat 21-8 an 21-12 géint den Duo Van der Vonder/ Penders an 21-11 an 21-17 géint d‘Equipe Hervent/Brocatus.
Am Entscheedungsmätch fir d‘Qualifikatioun fir géint Top Equipen Sonndes unzetrieden, wannen se och souverän mat 21-9 an 21-16 géint den Duo Vercruysse/Louis. Villes wat am Training erschafft ginn ass, konnten eis Dammen um Terrain emsetzen.
Sonndes sollt et dann géint déi grouss Equipen goen (déi 8 bescht Equipen si fir de Grand Slam Sonndes direkt gesat). Am 1. Mätch kruten eis Dammen et mam Duo Van der Vonder/Mouha ze din. Géint d‘Olympionikin vu Peking Liesbeth Mouha an hier Partnerin war näischt ze huelen an de Mätch geet mat 9-21; 13-21 verluer.
Och am 2. Mätch géint Van den Broeck/Simons gouf et eng 16-21; 13-21 Nidderlag.
Am Platzéierungsmätch em d‘Platzen 9-12, waren d‘Been ze schwéier a nodeems den 1. Satz ganz knapp mat 21-23 un den Duo Baen-Devos geet, war am 2. d‘Loft eraus an och deen geet mat 21-15 un d‘Belge.
Eis Dammen kommen mat enger super 11. Platz (vu 24 Equipen) heem.
Vill Erfahrungen a wichteg Punkten fir d‘Quali fir d’JPEE goufen gesammelt. Bravo a weider esou Meedecher.

 

Logo: Facebook