Logo: FLVB

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

3, route d'Arlon  •  L-8009 Strassen • Luxembourg

Tel: +352 - 48 41 86  •  Fax: +352 48 41 81 

Web: http://www.flvb.lu •  Email: mail@flvb.lu

Fédération Luxembourgeoise de Volleyball

Beachvolley & Zeltfest am Kiischpelt

Equipen:

Samsdes 2x2 Mixed (26 vun 72 Plaatzen)

Sonndes 4x4 (70 vun 72 Plaatzen)

 

Léif Spiller a Spillerinnen,

Duerch deen enormen Andrang dee mir dëst Joer bei eisem Beachvolleyballturnéier hon, hot de Comitee vun der Jeunesse Kiischpelt decidéiert een Sandterrain bäizebauen.

Dat heescht am konkreten, datt mir 16 Equipe méi kënnen unhuelen. Amplatz vun 56, also lo 72 Equipen.

A fir dat mer net an d’Nuet fällen, ass de Start dëst Joer Sonndes um 11:00 an net réicht um 12:30.

Är Aufgab besteet doranner um 11:00 present ze sënn, ee Kapitän vun der Equip ze wielen, an de Gewënner vum Match duerf dee Nächsten zielen. De Schiedsrichter gëtt vun eisem Veräin gestallt.

Ech wënschen all Equip am Viraus vill Erfolleg a bei weideren Froën kënnt dir mech gären kontaktéieren.

Tim

 

Mail: info@jeunesse-kiischpelt.com

Tel: 621 649367

 

P.S. Fir déi Leit déi vu wäit hirkommen besteet d’Méiglichkeet an der Sportshall vis-à-vis ze schlofen. Bréngt just ee Schlofsack matt.

A net ze vergeessen:

Den 31. Juli, e Samsdig de Nowend ginn op Eldoradio 5 Ticketen an een Trajet vun egal wou aus dem Land op Wëlwerwolz verspillt. 5 Persounen kënnen mat engem Trojka-Mobil, ausgestatt mat Canapé an Vodka aus dem Frigo op eisen Event chaufféiert ginn.

 

 

www.jeunesse-kiischpelt.com

 

Logo: Facebook