Skip to main content

News

MEVZA: Hären an Dammen spillen ëm Plaz 7

| MEVZA
Tags: MEVZA
© Marko Vanovsek (SLO)

No 4 Defaiten aus 4 Matcher fällt de netto Bilan éischter moër aus. Dobäi muss een awer och soen datt et déi éischt Participattioun fir Lëtzebuerg an der MEVZA Divisioun ass, nodeems ee jorelaang an den SCA ëm Goldmedaille gespillt huet. 

D' Erausfuerderung ass deemno vill méi héich an un den éischten Deeg hu sech d' Ekippen vum Ranguel Krivov (U20 Hären) an dem Fabio Aïuto (U20 Damme) missen un d' Vitesse gewinnen mat däer hei gespillt gett.

Um leschten Dag, Sonndeg 8. Januar geet et fir d' FLVB Selektiounen nach ëm Plaz 7 ënner 8 Ekippen. No hirer gudder Performance haut géint Ungarn dierfen sech virun allem d' Dammen Hoffnung op e Sazgewënn maachen. Hire Géigner heescht Israel, eng Ekipp déi, wéi d' Lëtzebuerger, och nach kee Saz gewanne konnt an och physech net esou iwwerleeën ass ewéi di aner.

Date Team 1  Team 2 Result
06.01.2024 13h30 Hungary Luxembourg 3-0 (25-17, 25-20, 25-18)
07.01.2024 9h00 Luxembourg Israel  0-3 (18-25, 9-25, 21-25)

D' Häre mussen hierersäits nach emol géint d' Slowakei untrieden, deenen hier Qualitéit si schonn an der Gruppephase hu missen unerkennen.

Date Team 1  Team 2 Result
06.01.2024 13h30 Hungary Luxembourg 3-0 (25-7, 25-14, 25-19)
07.01.2024 9h00 Luxembourg Slovakia  0-3 (2-25, 16-25, 12-25)

External Photo Gallery Link(s)

FLVB News